top of page
Glückliches Baby

Baby Shiatsu

Baby Shiatsu ass eng Al Japanesch Technik aus dem 18e Joerhonnert bei där de Puppelche mat achtsamen Drock Behandelt gëtt.

Shiatsu steet fir "Fanger" an "Drock"

danijel-durkovic-QOSb_iH9Uas-unsplash.jpg

Wat ass Baby Shiatsu?

Fir eng Bindung mam Bébé opzebauen ass Beréierung ganz wichteg. Déi meescht Bébée sinn souguer ganz frou wann se beréiert ginn. Sie hunn awer oft léiwer ee gezielten Drock wéi een doucet heemelen oder këddelen. Sie sinn an der Gebärmutter jo och 9 Méint laang fest gehale ginn. Dowéinst fille Bébéen sech och sécher a gebuerge wann si mat engem „achtsamen“ Drock beréiert ginn.

De Bébé léiert esou Grenze vu sengem Kierper kennen an de Kontakt suergt dofir dat a sengem Gehier Oxytocin an Endorphinen ausgeschott ginn déi och als Gléckshormone beschriwwe ginn an zum Wuelbefanne vum Bébé bäidroen.

Am Baby Shiatsu schaffe mir no de Prinzippie vun der TCM/TJM (Traditionell chineesesch Medezin/ Traditionell Japanesch Medezin) an un de Méridiane vun de Bébéen.

felipe-salgado-OPoCnGljxFc-unsplash.jpg

Ziel vun der Behandlung

  • Ënnerstëtzung un der Bezéiung Eltere – Kand

  • Wuelbefanne vu Mamm/Papp a Kand

  • Verbessert Kierper-Perceptioun

  • Stimuléiert all Sënner vum Bébé

  • Ënnerstëtzt déi gesamt Entwécklung un ärem Bébé

  • Verbessert Verdauung an Zirkulatioun

flavia-gava-ArbfcmyhtP8-unsplash.jpg

Oflaaf vun engem Shiatsu Cours

An engem klenge Grupp gesi mir eis 4 mol 1 Stonn a mir weisen Iech wéi Dir Äre Bébé behandele kënnt.

Mir weisen den Handling, also wéi dir Äre Puppelchen am Beschten ophieft an drot.

Dir léiert déi wichteg Entwécklungschrëtt vun Ärem Bébé am éischte Joer.

Mir weisen Iech déi Grëff aus dem Shiatsu déi Dir dann dono un Ärem Puppelchen uwende kënnt

Zum Schluss ginn et och e puer kleng Tricken an Tipps fir wann de Bébé de Bauch wéi oder aner kleng Boboen huet.

bottom of page